Italieneschen Owend als Green Event:
Den DT Lënster organiséiert den Italieneschen Owend als Green Event, fir eist Fest méi nohalteg ze gestalten. Fir eisen ekologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen, probéiere mir, de Ressourcëverbrauch ze reduzéieren an op ökologesch, lokal/ regional, biologesch an fair gehandelt Produiten zeréckzegräifen.
Moossnamen:
Speziell fir den Italieneschen Owend huele mir ënner anerem folgend Moossnamen:
• E groussen Deel vun eisem Iessen a Gedrénks ass lokal/regional, bio oder fair gehandelt.
• Fir eist Gedrénks benotze mir Mehrweg-Glieser a verzichten op Plastikfläschen.
• Mir verzichten op Eewee-Artikelen an op Plastik iwwerall do, wou et méiglech ass.
• Mir reduzéieren eise Reschtoffall, andeems mir den Offall richteg trennen a recycléieren.
Mobilitéit:
Mir encouragéiere Iech, amplaz mam Auto, op alternativ Transportmëttele zeréckzegräifen:
🚌 Bus: D'Linne 201, 211 an 222 halen um Arrêt Op Freinen, just 5 Minutte vum Centre Culturel ewech. Weider Informatioune fannt Dir op mobiliteit.lu.
🚲 Vëlo: Et gëtt e Vëlosstänner um Site.
🚗 Auto: Wann Dir mam Auto kommt, da recommandéiere mir de Covoiturage.
Méi Informatioune iwwer Green Events fannt Dir op greenevents.lu.“