Evènements - Actualités
ANNULATION Italieneschen Owend 2020 (04/04/2020)
Op Grond vun den aktuellen Uweisungen vun der Regierung am Kader vun COVID-19 gëtt den Italieneschen Owend vum 04.04.2020 ofgesoot.
Merci fir Ärt Versteesdemech.
De Comité vum DT Lënster
Mullenowend - Samschdes, den 26. Oktober 2019
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen traditionellen Mullenowend !
Italieneschen Owend - Samschdes, den 13. Abrëll 2019
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen traditionellen Italieneschen Owend !
Den DT Lënster spillt an der neier Sportshal
Vum Dënschdeg, 6. November 2018 un spillt den DT Lënster an der neier Sportshal "Op Fréinen" zu Jonglënster, direkt niewent den Tennis- a Fussballfelder. Den Accès bei d'Hal ass tëschent Gonneréng a Jonglënster op der N11 (nët via Contournement).
Hei ass de Link op d'Kaart: Centre sportif 'Op Fréinen'.

Saison 2018-2019
Déi nächst Saison steet an de Startlächer. Den DT Lënster spillt mat 9 Equipen am Seniorschampionnat an 3 Equipen am Cadets-Championnat, niewent Participatiounen bei der Coupe de Luxembourg, Challenge de la Fédération, Coupe Jeunes esou wéi Teens- a Kids-Cup.
An der Rubrique "Calendrier" fannt dir e Google-Kalenner mat alleguer d'Terminer vum Championnat an den Tournois vun der Saison 2018-19. Dir kënnt Iech deen och op Äre Smartphone lueden.
Déi nei Sportshal ass nach nët ganz färdeg, esou datt mir wahrscheinlech bis Krëschtdag nach an der Sportshal vum CPGS spille wärten.
Bilan vun der Saison 2017-2018
D'Saison 2017 - 2018 ass esou gudd wéi gelaaf, an den DT Lënster huet alt rem eng Kéier gudd Resultater erreecht:
- eis 1. Cadets-Equipe ass nom Landesmeeschter vum läschte Joër dës Kéier Vize-Landesmeeschter gin
- eis 1. Seniors-Equipe konnt sech an der NATIONALE 2 behaapten
- just eng eenzeg Equipe muss den Ofstieg untrieden (Lënster 2 : Promotioun -> 1. Divisioun)
- 2 Equipen hun den Opstieg gepackt (Lënster 3: 2. Divisioun -> 1. Divisioun, Lënster 7: 4. Divisioun -> 3. Divisioun)
- all déi aner Equippen konnten sech an hiren Divisiounen behaapten
CupFinals an Regionalmeeschterschaften
Den DT Lënster huet dëst Joër an de Finalen vum Teens-Cup an Coupe Jeunes leider nët konnten gewannen. Trotzdem gouf et am Teens-Cup, wou mir Aussenseiter waren, eng äusserst knapp Entscheedung. No engem 0:3 Réckstand ass zum Schluss d'Décisioun ganz knapp am 5. Satz vum Double gefall. Hueschtert-Folscht konnt demno mat 4:3 d'Coupe fir sech entscheeden.
Fotoën vum CupFinalsDay sin hei um Site vun der FLTT
Op de Regionalmeeschterschaften zu Berbuerg goufen et vill gudd Plazéierungen vum DT Lënster an den Top 3, esou wuel am Eenzel wéi och am Double an de Kategorien Minimes, Cadets, Juniors, Double Messieurs, Double Dames an Double Mixte.
Den Détail vun de Resultater ass hei um Site vun der FLTT ze fannen
Coupe de Luxembourg - 1/8 Finales
Den DT Lënster huet et färdeg bruecht an der Coupe de Luxembourg 3:1 géint d'Union Lëtzebuerg ze gewannen a steet domat an der 1/4-Finale, déi den 14.12.2017 zu Bäerbuerg gespillt gëtt
Teens-Cup: DT Lënster ass an der Finale
Als Gewënner vum läschte Joër ass d'Jugendequipe 'Teens' vum DT Lënster och dëst Joër den 21. Januar 2018 um CupFinalsDay vun der FLTT an der Coque mat dobäi. Si probéieren dann d'Coupe géint Hueschtert-Folscht ze verteidegen.
Critérium national jeunes 2017
Den DT Lënster war dëse Sonndeg, 12. November 2017 zu Lënster an der Finale vum nationalen Jugendkriterium gudd vertrueden an eis Jugend huet folgend gudd Plazéierungen konnten erreechen:
Juniors garçons - 3. Plaz: Hoffmann Tom
Juniors filles - 7. Plaz: Mootz Isabelle
Juniors filles - 8. Plaz: Bonert Annick
Cadets garçons - 4. Plaz: Mootz Philippe
Cadets garçons - 7. Plaz: Dumont Tom
Minimes garçons - 4. Plaz: Biewer Denis
Gratulatioun fir déi gudd Leeschtungen !
Saison 2017-2018
Déi nächst Saison steet an de Startlächer. Den DT Lënster spillt mat 9 Equipen am Seniorschampionnat an 3 Equipen am Cadets-Championnat, niewent Participatiounen bei der Coupe de Luxembourg, Coupe des Jeunes, Challenge de la Fédération an natierlech Teens- a Kids-Cup.
Eng besonnesch Erausfuederung waard dës Saison op eis 1. Equipe, déi sech duerf an der Nationale 2 mat hire Géigner moossen.
An der Rubrique "Calendrier" fannt dir alleguer d'Terminer vum Championnat an och den Tournois vun der Saison 2017-18.
Opstieg an d'Nationale 2
Den DT Lënster huet déi 2 Barrage-Matcher an der Promotioun géint den DT Cado gewonnen (5:3, 5:1) an wärt duerfir d'nächst Saison mat senger 1. Equipe an der NATIONALE 2 spillen.
Bravo fir déi super Leeschtung vun eiser 1. Equipe - während der ganzer Saison an natierlech an denen 2 décisiven Matcher !
Merci och eisen Coaches an alleguer de Supporter vum DT Lënster.
Champion de Luxembourg 2017 - Cadets
Den DT Lënster ass 'Champion de Luxembourg par équipes 'Cadets' 2017' ! Bravo un eis Jugendspiller, déi d'ganz Saison kee Match verluer hun a domat souverän Landesmeeschter gi sin.
FLTT Cup Finals Day - 22/01/2017
Den DT Lënster gewënnt den TEENS-Cup esou wéi och d'Coupe Frantz THINK 2017 ! Félicitatiounen un d'Gewënner an och un d'Finalisten beim KIDS-Cup, wou et dës Kéier nët grad duergaangen ass fir d'Coupe ze verteidegen.






Merci à tous nos sponsors !
http://www.editus.lu/de/axa-assurances-luxembourg-agence-generale-heiderscheid-kapp-godbrange-1906
http://www.xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/sponsor-box/LOSCH_LOGO_CMYK_BLUE-Large.jpg
http://www.yellow.lu/fr/annuaire/finance-droit/banques-et-services-bancaires/dexia-banque-internationale-a-luxembourg-agence-junglinster_junglinster_0.html
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/GABBANA_228.png
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/picobello 2.png
http://dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/Kayser Steinheim_250.png
http://www.xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/header-box/Logo_Vigil.jpg
http://xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/sponsor-box/RAIFFEISEN_250.png
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/gabbana.png
dtl-sponsor-box
axa-logo.png
http://www.editus.lu/de/axa-assurances-luxembourg-agence-generale-heiderscheid-kapp-godbrange-1906
LOSCH_LOGO_CMYK_BLUE-Large.jpg
http://www.xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/sponsor-box/LOSCH_LOGO_CMYK_BLUE-Large.jpg
BIL-quadrat.png
http://www.yellow.lu/fr/annuaire/finance-droit/banques-et-services-bancaires/dexia-banque-internationale-a-luxembourg-agence-junglinster_junglinster_0.html
GABBANA_228.png
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/GABBANA_228.png
picobello 2.png
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/picobello 2.png
Kayser Steinheim_250.png
http://dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/Kayser Steinheim_250.png
Logo_Vigil.jpg
http://www.xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/header-box/Logo_Vigil.jpg
RAIFFEISEN_250.png
http://xn--dtlnster-v1a.lu/images/DTLenster/sponsor-box/RAIFFEISEN_250.png
gabbana.png
http://www.dtlenster.lu/images/DTLenster/sponsor-box/gabbana.png