Evènements - Actualités

ANNULATION Italieneschen Owend 2020 (04/04/2020)

Op Grond vun den aktuellen Uweisungen vun der Regierung am Kader vun COVID-19 gëtt den Italieneschen Owend vum 04.04.2020 ofgesoot.

Merci fir Ärt Versteesdemech.

 

De Comité vum DT Lënster

 

Mullenowend - Samschdes, den 26. Oktober 2019

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen traditionellen Mullenowend !

DTL Mullenowend2019

Italieneschen Owend - Samschdes, den 13. Abrëll 2019

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen traditionellen Italieneschen Owend !

DTL ital owend2019

Den DT Lënster spillt an der neier Sportshal

Vum Dënschdeg, 6. November 2018 un spillt den DT Lënster an der neier Sportshal "Op Fréinen" zu Jonglënster, direkt niewent den Tennis- a Fussballfelder. Den Accès bei d'Hal ass tëschent Gonneréng a Jonglënster op der N11 (nët via Contournement).

Hei ass de Link op d'Kaart: Centre sportif 'Op Fréinen'

photo op freinen

 

 

Saison 2018-2019

Déi nächst Saison steet an de Startlächer. Den DT Lënster spillt mat 9 Equipen am Seniorschampionnat an 3 Equipen am Cadets-Championnat, niewent Participatiounen bei der Coupe de Luxembourg, Challenge de la Fédération, Coupe Jeunes esou wéi Teens- a Kids-Cup.

An der Rubrique "Calendrier" fannt dir e Google-Kalenner mat alleguer d'Terminer vum Championnat an den Tournois vun der Saison 2018-19. Dir kënnt Iech deen och op Äre Smartphone lueden.

Déi nei Sportshal ass nach nët ganz färdeg, esou datt mir wahrscheinlech bis Krëschtdag nach an der Sportshal vum CPGS spille wärten.

Bilan vun der Saison 2017-2018

D'Saison 2017 - 2018 ass esou gudd wéi gelaaf, an den DT Lënster huet alt rem eng Kéier gudd Resultater erreecht:

  • eis 1. Cadets-Equipe ass nom Landesmeeschter vum läschte Joër dës Kéier Vize-Landesmeeschter gin
  • eis 1. Seniors-Equipe konnt sech an der NATIONALE 2 behaapten
  • just eng eenzeg Equipe muss den Ofstieg untrieden (Lënster 2 : Promotioun -> 1. Divisioun)
  • 2 Equipen hun den Opstieg gepackt (Lënster 3: 2. Divisioun -> 1. Divisioun, Lënster 7: 4. Divisioun -> 3. Divisioun)
  • all déi aner Equippen konnten sech an hiren Divisiounen behaapten

CupFinals an Regionalmeeschterschaften

Den DT Lënster huet dëst Joër an de Finalen vum Teens-Cup an Coupe Jeunes leider nët konnten gewannen. Trotzdem gouf et am Teens-Cup, wou mir Aussenseiter waren, eng äusserst knapp Entscheedung. No engem 0:3 Réckstand ass zum Schluss d'Décisioun ganz knapp am 5. Satz vum Double gefall. Hueschtert-Folscht konnt demno mat 4:3 d'Coupe fir sech entscheeden.

Fotoën vum CupFinalsDay sin hei um Site vun der FLTT

Op de Regionalmeeschterschaften zu Berbuerg goufen et vill gudd Plazéierungen vum DT Lënster an den Top 3, esou wuel am Eenzel wéi och am Double an de Kategorien Minimes, Cadets, Juniors, Double Messieurs, Double Dames an Double Mixte.

Den Détail vun de Resultater ass hei um Site vun der FLTT ze fannen

Coupe de Luxembourg - 1/8 Finales

Den DT Lënster huet et färdeg bruecht an der Coupe de Luxembourg 3:1 géint d'Union Lëtzebuerg ze gewannen a steet domat an der 1/4-Finale, déi den 14.12.2017 zu Bäerbuerg gespillt gëtt

Méi dozou fannt Dir hei op der Websäit vun RTL

Teens-Cup: DT Lënster ass an der Finale

Als Gewënner vum läschte Joër ass d'Jugendequipe 'Teens' vum DT Lënster och dëst Joër den 21. Januar 2018 um CupFinalsDay vun der FLTT an der Coque mat dobäi. Si probéieren dann d'Coupe géint Hueschtert-Folscht ze verteidegen.

Critérium national jeunes 2017

Den DT Lënster war dëse Sonndeg, 12. November 2017 zu Lënster an der Finale vum nationalen Jugendkriterium gudd vertrueden an eis Jugend huet folgend gudd Plazéierungen konnten erreechen:

Juniors garçons - 3. Plaz: Hoffmann Tom

Juniors filles - 7. Plaz: Mootz Isabelle

Juniors filles - 8. Plaz: Bonert Annick

Cadets garçons - 4. Plaz: Mootz Philippe

Cadets garçons - 7. Plaz: Dumont Tom 

Minimes garçons - 4. Plaz: Biewer Denis

Gratulatioun fir déi gudd Leeschtungen !

 

Saison 2017-2018

Déi nächst Saison steet an de Startlächer. Den DT Lënster spillt mat 9 Equipen am Seniorschampionnat an 3 Equipen am Cadets-Championnat, niewent Participatiounen bei der Coupe de Luxembourg, Coupe des Jeunes, Challenge de la Fédération an natierlech Teens- a Kids-Cup.

Eng besonnesch Erausfuederung waard dës Saison op eis 1. Equipe, déi sech duerf an der Nationale 2 mat hire Géigner moossen.

An der Rubrique "Calendrier" fannt dir alleguer d'Terminer vum Championnat an och den Tournois vun der Saison 2017-18.

 

Opstieg an d'Nationale 2

Den DT Lënster huet déi 2 Barrage-Matcher an der Promotioun géint den DT Cado gewonnen (5:3, 5:1) an wärt duerfir d'nächst Saison mat senger 1. Equipe an der NATIONALE 2 spillen.

Bravo fir déi super Leeschtung vun eiser 1. Equipe - während der ganzer Saison an natierlech an denen 2 décisiven Matcher !

Merci och eisen Coaches an alleguer de Supporter vum DT Lënster.

Hei klicken fir d'Fotoen

 

Champion de Luxembourg 2017 - Cadets

Den DT Lënster ass 'Champion de Luxembourg par équipes 'Cadets' 2017' ! Bravo un eis Jugendspiller, déi d'ganz Saison kee Match verluer hun a domat souverän Landesmeeschter gi sin.

FLTT Cup Finals Day - 22/01/2017

Den DT Lënster gewënnt den TEENS-Cup esou wéi och d'Coupe Frantz THINK 2017 ! Félicitatiounen un d'Gewënner an och un d'Finalisten beim KIDS-Cup, wou et dës Kéier nët grad duergaangen ass fir d'Coupe ze verteidegen.

Hei klicken fir d'Fotoen

dt-news

Hei fannt Dir d'Lëscht vun den Eenzel-Resultater vun den Memberen vum DT Lënster op den offiziellen Tournois an FLTT-Kompetitiounen:

 

Mullenowend - Samschdes, den 3. November 2018

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !

mullenowend.png

Italieneschen Owend - Samschdes, den 28. Abrëll 2018

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen traditionellen Italieneschen Owend !

DTL ital owend2018

 

Tournoi Grand-Prix AXA 2017

Den DT Lënster invitéiert heimat all DT-Spiller an natierlech och Supporter ganz härzlech op säin Tournoi individuel, den Sonndes, den 08.01.2017 an der Sportshal vum Centtre polyvalent G. Stein stattfënnt.

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwer gesuergt.

Criterium National Jeunes

Den DT Lënster war haut 13/11/2016 gudd vertrueden um Critérium National Jeunes an eis Jugend huet ganz gudd Plazéierungen erreecht. Bravo fir déi gudd Leeschtungen an Merci un eisen Trainer, de Mirko Habel fir den excellenten Coaching.

  • Vainqueur Cadets garçons: Biewer Steve (A3)
  • 3. Plaz Cadets garçons: Bonert Sébastien (B1)
  • 6. Plaz Minimes garçons: Biewer Denis (B3)
  • 7. Plaz Minimes garçons: Dumont Tom (C2)
  • 7. Plaz Juniors filles: Mootz Isabelle (B3)
  • 8. Plaz Cadets filles: Dumont Danielle (D1)
  • 8. Plaz Minimes filles: Dumont Tessy (D2)

Ladies&Girls-Day

Gratulatioun fir déi gudd 2 Plaz an der Categorie B/C um Ladies&Girls-Day fir d'Annick Bonert an d'Isabelle Mootz.

Mullenowend - Samschdes, den 29. Oktober 2016

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !

mullenowend.png

Saison 2016-2017

Déi nächst Saison steet an de Startlächer. Den DT Lënster spillt mat 9 Equipen am Seniorschampionnat an 3 Equipen am Cadets-Championnat, niewent Participatiounen bei der Coupe Think, Challenge de la Fédération an natierlech Teens- a Kids-Cup.

An der Rubrique "Calendrier" fannt dir alleguer d'Terminer vum Championnat an den Tournois vun der Saison 2016-17.

Championnat Cadets

Nom Landesmeeschter-Titel déi läscht Saison, hun eis Cadets "Lënster 1" dës Saison erem ganz gudd gespillt, a konnten sech den Titel Vice-Champion de Luxembourg  secheren.

Bravo un den Denis, de Philippe an d'Isabelle !

Coupe Challenge de la Fédération

D'Equipe Lënster 3 konnt sech an enger spannender 1/2-Finale géint Flueswëller 2 behaapten a spillt elo den 17. Abrëll d'Finale géint Ell 2. Kommt op Käerjeng kucken an ënnerstëtzt eis Equipe !

Landesmeeschterschaften Minimes / Préminimes zu Jonglënster - 20/03/2016

Ganz gudd Leeschtungen vun eise jonke Spiller:

Goldmedaille am Double Préminimes: Biewer Denis (Lënster) / Scholtes Tom (Lennéng)

Sëlwermedaille am Eenzel Préminimes: Biewer Denis

Sëlwermedaille am Double Minimes: Mootz Philippe (Lënster) / Muller Jo (Bech-Macher)

Sëlwermedaille am Eenzel Minimes: Mootz Philippe

Um Site vun der FLTT sin och Fotoën an d'Gesamtresultater ze fannen

Italieneschen Owend - Samschdes, den 30. Abrëll 2016

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Italieneschen Owend !

ital-owend.PNG

Tournoi individuel Grand Prix AXA  - DT Lënster - 03/01/2016

Villmols Merci un alleguer déi Sportler, déi op eisen Tournoi komm sin, a Félicitatiounen un alleguer d'Gewënner !

Mat 546 Aschréiwungen ass den Grand Prix AXA vum DT Lënster domat den (bis elo) meescht besichten Tournoi vun der Saison.

Hei sin d'Resultater:

Cup-Finals Day - 13/12/2015

KIDS-Cup:

Den DT Lënster huet no 2014/2015 alt erem eng Kéier de KIDS-Cup gewonnen, an dat souverän mat 4:0 géint Hueschtert-Folschette.

TEENS-Cup:

An der Finale hun eis Teens leider manner stark wéi gewinnt missten untrieden an hun 2:4 géint den Houwald verluer. Trotzdem Félicitatiounen fir d'Sëlwermedaille an déi gudd Leeschtungen ! 

Coupe THINK:

An enger super spannender Finale huet Lënster zum Schluss nët vill gefeelt bis zum Titel ; nom 3:3 an den Eenzel ass et am Double dun awer leider nët duer gaangen.

Felicitiatiounen un eis Sportler fir déi gudd Sëlwermedaille an de ganz starken Optrëtt !

 

Cup-Finals Day - 13/12/2015

An de Coupe-Finalen e Sonndeg, den 13. Dezember 2015 an der Coque ass den DT Lënster mat 3 Equipen vertrueden ! An der Coupe THINK, dem KIDS-Cup an dem TEENS-Cup hun eis Equipen et bis an d'Finale gepackt a spillen em den Titel. Kommt an ënnerstëtzt eis Spiller ab 14h00 an der Coque !

Finale Critérium national - Minimes/Cadets/Juniors - 14/11/2015

Eis jonk Sportler hu ganz gudd ofgeschnidden um nationalen Kriterium a folgend Plazen erreecht.

Minimes garçons:

Philippe Mootz: 3. Plaz

Denis Biewer : 10. Plaz

Cadets garçons:

Steve Biewer: 4. Plaz

Bonert Sébastien: 8. Plaz

Cadettes filles:

Isabelle Mootz: 7. Plaz

 

Gudd Resultater fir den DT Lënster am Jeunes an Minimes Championnat !

Félicitatiounen un eis 1. Equipe JEUNES, déi als Vize-Landesmeeschter konnten iwerzeegen.

Och eis 1. Equipe MINIMES hun eng ganz gudd 3. Plaz an der Nationaldivisioun konnten machen.

Gratulatioun un alleguer eis Spiller déi mat dobäi waren !

Den DT Lënster ass Landesmeeschter bei de Cadets !

Félicitatiounen un eis 1. Equipe Cadets, déi haut als Landesmeeschter um Podium konnten ganz uewen stoën. An denen 3 Ronnen vun der Meeschterschaft stoung eis Cadets-Equipe jeweils op der 1. Plaz an der Tabell vun der höchster Divisioun !

Bravo natierlech och un d'Cadets vum DT Ierpeldéng an dem DT Reiland fir déi 2. an 3. Plaz.

Gratulatioun un alleguer eis Spiller déi mat dobäi waren !

Championnats nationaux Cadets-Juniors-U21 - 03/05/2015 - Résultats

Félicitatiounen un eisen Double Cadets Filles fir déi 3. Plaz  !

  • Cadets Filles Double :  Bronze fir den Double Annick Bonert - Isabelle Mootz

Championnats nationaux Préminimes-Minimes - 29/03/2015 - Résultats

Félicitatiounen fir déi gudd Resultater vun eisen Jugendspiller op den Landesmeeschterschaften Préminimes-Minimes  !

  • Préminimes Garçons Double :  Sëlwer fir den Double Denis Biewer - Tom Dumont
  • Préminimes Garçons Simple: Bronze fir den Denis Biewer
  • Minimes Garçons Double:
    • Gold fir den Double Steve Biewer - Christophe Zimmer (Woltz)
    • Bronze fir den Double Sébastien Bonert - Piquard Loïc (Hueschtert-F.)
  • Minimes Garçons Simple: Bronze fir den Sébastien Bonert
  • Minimes Double Mixte: Gold fir den Double Steve Biewer - Ariel Barbosa (Bäerdref)

Championnats nationaux - 15/02/2015 - Résultats

Félicitatiounen un d'Lisy Weber fir déi zwou Sëlwermedaillen an de Kategorien Dames C Simple an Double op der Landesmeeschterschaft 2015 !

Mullenowend - Samschdes, den 31. Oktober 2015

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !

 mullenowend 2015

Italieneschen Owend - Samschdes, den 9. Mee 2015

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Italieneschen Owend !

mullenowend.png

Kriterium Préminimes - 08/02/2015 - Résultats

Félicitatiounen un den Denis an den Tom fir déi ganz gudd Plazéierungen an der Finale vum Kriterium Préminimes. 

Championnats régionaux de l'est - 25/01/2015 - Résultats

Félicitatiounen un alleguer eis Spiller, déi op de Regionalmeeschterschaften eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun.

Den DT Lënster konnt insgesamt 8 Medaillen gewannen, dovun 3x Vainqueur, 2x Finaliste, an 3x eng 3. Plaz!

Tournoi individuel Grand Prix AXA  - DT Lënster - 04/01/2015 - Résultats

Villmols Merci un alleguer déi Sportler, déi op eisen Tournoi komm sin. Mir haten insgesamt 479 Aschréiwungen.

Félicitatiounen un alleguer d'Spiller, déi op eisem Tournoi eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun !

KIDS-CUP 2014 - Lënster gewënnt !

Eis Jugend huet d'1/2-Finale souverän 4-0 géint Ierpeldéng gewonnen an och d'Finale géint Houwald konnt däitlech 4-1 gewonnen gin. Bravo fir déi gudd Leeschtung !!

  

Tournoi individuel DT Lënster - 23/11/2014 - Résultats

Félicitatiounen un alleguer d'Spiller, déi op eisem Tournoi eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun !

Tournoi individuel DT Lënster - Sonndes, den 23. November 2014 am Centre polyvalent Gaston Stein

All Dësch-Tennis-Spiller an och Zuschauer sin härzlech invitéiert op eisen éischten vun 2 Tournois, déi mir dës Saison organiséieren !

Fir Iessen an Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt.

Umeldungen gin just via den Intranet vun der FLTT ugeholl.

Klickt hei fir d'Règlement vum Tournoi ze kucken !

08:30     D1
09:00     D3
09:30     D2
10:00     C3
10:30     Jeunes C/D
11:00     C1
12:00     C2
13:00     Open Handicap
14:00     B1
15:00     B3
15:00     A/B1/B2
16:00     B2

 

 

 Critérium National - Eliminatoires

E puer vun eisen Minimes a Cadets waren e Sonndeg, den 12/10/2014 bei den Eliminatoires um Criterium mat dobäi. Si hun alleguer gudd gekämpft. Kuckt Iech den Detail vun hire Mätcher hei un !

 

 

Mullenowend - Samschdes, den 25. Oktober 2014

Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !

mullenowend.png

Tableaux vun de Coupe-Compétitiounen

D'Coupe-Compétitiounen (Frantz Think; Challenge de la Fédération, Teens / Kids-Cup) sin ausgeloust.

Mir spillen an der Coupe Frantz Think mat eiser 1. Equipe, am Challenge mat 5 Equipes, am Teens-Cup mat enger an am Kids-Cup mat 2 Equipen mat.

 

Dir fannt hei d'Tableaux dozou:

Léiergäng fir Jugendspiller

D'FLTT proposéiert als Préparatioun op déi nei Saison zwee Léiergäng an der Coque (01-05.09 an 08-12.09). Et ass all Dag Training vun 9h00 bis 12h00.

D'Käschte fir dës Léiergäng si vun de Spiller sëlwer ze bezuelen, an umelden kann een sech direkt bei der FLTT bis spéitsdens den 27. August 2014.

International Jugendmeeschterschaften Lëtzebuerg

Den Steve Biewer ass op déi 13 / 18 Plaz komm - Gratulatioun !

Fusioun vum DT Gueber/Lënster an DT Gonneréng

Déi 2 Dësch-Tennisveräiner hun viru kuerzem décidéiert fir mateneen ze fusionnéieren, mam Ziel fir denen aktuellen an zukünftegen Dësch-Tennisspiller aus der Gemeng Jonglënster en optimalen sportlëchen Encadrement kënnen unzebidden.

D'Grëndungsversammlung war e Mëttwoch, den 28. Mai 2014, wou dann och den neien Dësch-Tennisveräin mam Numm "Dësch-Tennis Lënster asbl" seng Statuten ugeholl huet.

 

Weider Informatiounen iwert déi sportlech an och aner Manifestatiounen vum DT Lënster gin et regelméisseg hei ze liesen.

 

De Comité wënscht alleguer de Memberen vum DT Lënster vill Erfolleg fir déi nei Saison 2014/2015 !

Barrages Cadets 2013-2014

Bravo un eis Cadets-Equipe Gonnereng 2 (Isabelle, Denis a Philippe) déi Champion an der Divisioun 4 gi sin !

Si hun an enger spannender Finale 5:4 géint Réimech 2 gewonn.

Firdrun gouf 5:0 géint Houwald 2 an 5:4 géint Nouspelt 1 gewonn.

barrages-cadets

Leider ass et fir eis Equipe Gonnereng 3 (Danielle, Lou a Luc) nët grad esou gudd gaangen - si konnten sech nët fir d'1/2-Finale qualifizéieren, hun awer trotzdem och gudd gekämpft an den 1. Match gewonn.

Landesmeeschterschaften Préminimes / Minimes, 30. März 2014:

Félicitatiounen fir d'Resultater op den Landesmeeschterschaften:

Categorie "Minimes garçons":

3. Plaz fir den Steve Biewer

Categorie "Double Préminimes/Minimes mixte":

3. Plaz fir d'Isabelle Mootz an de Charel Goergen 

Categorie "Double Minimes":

1. Plaz fir den Steve Biewer an den Alberto Moro (Bridel)

 

Hei sin déi komplett Resultater:

 

Felicitatiounen fir déi ganz gudd Resultater op de Landesmeeschterschaften !

Dames D Doubles:

2. Plaz fir d'Annick Bonert an d'Isabelle Mootz

Dames D Simples: 

2. Plaz fir d'Isabelle Mootz an 3. Plaz fir d'Annick Bonert

Messieurs C Doubles:

1. Plaz fir den Joé Oberweis an de Sébastien Bonert.

 

Méi dozou steet och nach hei op MyWort.lu, an dir fannt och nach Fotoën op rtl.lu vum Podium 'Hären Doubbel C, 'Dammen Eenzel D' an 'Dammen Doubbel D'


Eis "Cadets 2" an "Cadets 3" hun am 2. Tour jeweils déi 1. Plaz an hirem Bezierk erreecht. Domat klammen sie dann elo fir den 3. Tour vum Championnat eng Divisioun méi héich ! Felicitatiounen !

Mir haten insgesamt 363 Aschreiwungen fir d'Regionalmeeschterschaften fir den OSTEN. Villmols Merci un alleguer déi, déi eis gehollef hun !

Speziell Félicitatiounen un déi Spiller aus eisem Veräin, déi et bis bei d'Medaillen gepackt hun - kuckt d'Resultater hei.

Bravo awer och fir den Asaatz vun alleguer denen, fir déi et dëst Joër nët duer gaangen ass, fir op eng vun denen éischte Plazen ze kommen.

Kuckt och d'Fotoën hei !


Gratulatioun un eis "KIDS" (Steve, Sebastien a Charel) fir déi gudd Leeschtung am KIDS-Cup. Si hun eng spannend Hallef-Finale geliwwert an nëmme knapp d'Finale verpasst ! Kuckt d'Fotoën hei !

Notez que vous pouvez accèder aux détails de chaque joueur tel qu'enregistré auprès de la FLTT en cliquant sur le nom dans le tableau

Classements DT Lënster - Etat du 01/07/2014

Classements DT Lënster - Etat du 01/08/2014 (modification règlement FLTT)

Entraînement Jeunes:

 

Notre entraîneur pour l'entraînement jeunes:

 

Mirko HABEL

 

Horaires: 

Mardi : de 16h30 à 18h00

Jeudi: de 17h00 à 19h00

Lieu: Centre sportif 'Op Fréinen' à Junglinster

 

 

Entraînement seniors:

Horaire: Mardi et Jeudi de 19h00 à 21h00

Lieu: Centre sportif 'Op Fréinen' à Junglinster

 

 

Calendrier

 calendar

 Calendrier sportif et manifestations du DTL

Intranet FLTT

 intranet

 Accès intranet FLTT

BIO - FLTT

 news

 Bulletin d'information officiel

logo fltt

logo ettu     logo ittf

Merci à tous nos sponsors !

© Content by DT Lënster asbl     -    © template by Joomlashine      -      © some icons by DryIcons  - 

Hosted by: SYHOST.CH

Go to top